Waat seet een enger Frendin daat d'Diagnose krutt ?

Wann är Frëndin ,nostoend Persoun oder Aarbechtskollegin gewuer gëtt datt si Kriibs huet, ass et sécher schwéier déi richteg Wieder ze fanne, fir hier är Ënnerstëtzung ze weisen.Et gëtt keng Wonnerléisung . Awer vun Ufank un soll är Presenz ouni Zécken an Tabu installéiert ginn. Op alle Fall, wat am Meeschten verletzt ass är Stëll.

  • En einfache SMS oder eng Postkaart ass eng gutt Méiglechkeet är Ënnerstëtzung ze weisen, an Encouragementer ze schécken. 

  • En klenge Message deen ënnerstëtzt ka ganz vill Trouscht bréngen.

  • En Bréif schreiwen , kann eng gutt Méiglechkeet si fir iech auszedrécken, wëll dir Zäit hutt är Wieder opmierksam kënnen ze fannen .

workplace-2303853_1920.jpg

Zur Zäit ass jiddereen ultra-connectéiert , d’Méiglechkeete fir ze kommunizéiere feelen net mat Facebook, Instagram, Twitter, WhatsApp, Messenger, SMS, mail…

Mais wéi ass ët mat den Traditiounen ? D’Postkaart ass de perfekte Beispill.

Manner intrusiv wéi en Telefonat, méi durabel wéi en SMS oder e-mail, d’Postkaart ass eng einfach Méiglechkeet eng Freed ze maachen a soe wat een denkt a spiert.

Wärend deene schwéieren Zäiten , hëlleft et seng Verbindungen ze festegen am Alldag och wann ee méi wäit wunnt. Also JO : eng Postkaart ass en klenge Geste deen awer d’Differenz mëscht , well och no der Krankheet …Verschidden douce Wieder erëm kënnen ze liesen oder Zeechnungen kucken, hëlleft am Alldag, a gëtt Kraaft sech géint d’Krankheet ze wieren.

D’Verschécke vun enger Kaart muss net bei enger Kéier bléiwe mais kann reegelméisseg op laang Dauer sinn. Mat just engem Wuert , engem Saatz, oder de Géigendeel en ganzen Text, verwandelt sech d’Postkaart a Bréif .

En klenge Geste mat engem onendleche Power.

Fotolia_168625414_L.jpg

Also , wann dir een an ärem Entourage hutt dee krank ass, dann zéckt net ,net méi spéit wéi haut en Message ze schécken.

Et ass villäicht deen klenge Geste, deen si haut braucht fir hiren Dag méi schéi ze maachen.

Erwaart iech keng Äntwert , an huelt et net schlecht op, well verschidde Leit si mat der Situatioun iwwerfuerdert an hunn net ëmmer Loscht op en Austausch.

Just ze wëssen datt si net eleng ass,ass grandios.

An wann dir awer net wësst wat dir schreiwe sollt fir är méi no Famill, Frëndin, Aarbechtskollegin , Nopeg..

da kritt dir hei puer Iddien.

Bleift einfach, opmierksam an hëllefsbereet.

‘‘ Ech denken all Dag un dech. Meng Kraaft ass bei dir ‘‘

 '' Ech hunn keng Wieder. Sief der bewosst datt ech fir dech do si '‘

‘‘ Kann ech dir haut eppes kachen, akafe goen oder strécken ?’’

‘‘ Kann ech op deng Kanner oppasse wann’ s du am Spidol bass?’’

‘‘Waat kann ech maache fir dir d’Liewen am Moment ze erliichteren ?’’

''Ech si stolz op dech, ech si frou mat dir, ech si bei dir. ‘‘

‘‘ Wëllst du d’Loft wiesselen? Soll ech dech siche kommen?’’

‘‘Et deet mir leed fir alles wat s du den Ament durchmëss, mais ziel op mech. Ech denken ganz staark un dech.’’

Well méi wéi soss een, wësst dir am Beschte wat ärer nostoender Persoun Freed mëscht., eng Kaart derbäisetzen oder en selwergemaachte Këscht mat Saachen dra fir sech verwinnen ze loossen nodeem d’Situatioun. ( Spidolsopenthalt, Récidive,Diagnose, Chimiothérapie…)

En klengen nëtzleche a matfillende Kaddo fir är Presenz zur Säit ze materialiséieren.( en Foulard, eng Crème fir d’Lëpsen , fir de Kierper, Téi , en Buch, CD, film, Origamipabéier…) Sidd kreativ !

ALL klenge Geste …op et Messagë sinn… oder kleng Kaddoe… maachen den Ënnerscheed .

Fotolia_26668770_L.jpg