Chemotherapie a Sonn

Och wann mir zu Lëtzebuerg net vill Sonn hunn, profitéiert een ëmsou méi wann si sech weist.

Falls dir ënner Chemotherapie sidd, ass et deemno wichteg ze kucken  weieng Réactiounen äre Kierper vis a vis vun der Sonn huet, a wei dir iech drop virbereeden an Sachen vermeiden kënnt.. Fir dann och gutt vun de waarmen Deeg ze profitéieren.

soleil.jpeg

Sonn wärend der Chimio

 

  • Är Haut ass wärend der Chemotherapie méi sensibel, an esou de Risiko vum Sonnebrand méi héich, och wann déi onbedeckte Kierperdeeler just vun kuerzer Sonnerexpositioun sinn. Wann d'Chimio fäerdeg ass kann är Haut an der Sonn iwwert en Joer nach sensibel sinn.

  • Méi rare as de " Sonnebrand " deen generaliséiert as, trotz bedeckte Kierperdeeler. Et ass deen Ament wichteg ären Dokter esou séier wéi Méiglech ze kontaktéieren fir Allergien auszeschléissen.

pas sable plage.jpeg

Wat kennt dir maachen ?

Natierlech ass net well dir ënner Chimio sidd , datt dir doheem musst bléiwen wann d'Sonn sech weist ! Wichteg ass et verschidden Reegelen anzehalen:

  • Op am Schied oder an der Sonn , den Ecran total 50 ass äre beschte Frënd. All 2 Stonne opdroen.

  • Déi bescht Method fir sech ze schützen sinn d'Kleeder, och am Schied kennen d'UV-Stralen iech erreechen.

  • Op dir eng Parréck unhutt oder en Foulard, wichteg ass et äre Kapp ze schützen. Et ass schliisslech deen Deel vum Kierper deen praktesch ni an de Joren virdrun ouni Hoer an der Sonn war. Fir net ze schweessen, huelt iech näischt synthetesches, mais éischter Foularden aus Lengend, Kotteng oder Bamboo...

IMAGES BLOG CANCER DU SEIN 112.jpg

Zéckt net op Kapen oder Hitt , déi an engems d'Gesicht schützen..

Dir hutt nach Froen wéi dir iech sollt organiséieren virun ärer Vakanz?

Dann liest iech dësen Artikel duerch : 

TRAITEMENTS ET VACANCES ? EST-CE POSSIBLE ?