Publications avec le tag interview
Prise en charge vun de Fraen mat héijem Risiko vun Broscht oder Eeërstackkriibs

All Joer gëtt bei 400 Fraen zu Lëtzebuerg Broschtkriibs diagnostizéiert, awer eng kleng Proportioun ënnert hinnen (just 10 % ) hunn eng unerkannt genetesch Anomalie, déi fir d'Entwécklung vun der Krankheet verantwortlech ass. D'Halschent vun de Frae enstpriechen de Mutatioune vun de Gene BCR1 a BCR2, déi ee méi héije Risiko hunn fir e Broschtkriibs oder Eeërstackkriibs ze ze entwéckelen. Dës Frae mat méi héijem Risiko, déi ee mat engem geneteschen Test individualiséiere kann, solle besonnesch kontrolléiert ginn, souwuel a Punkto Suivi wéi och bei der Préventioun.

Lire la suite

Lire la suite
Sport a Kriibs. Interview mam Dr Ries, Hematolog

L.DS: Wéi eng Relatioun huet de Sport mam Kriibs, an dësem Fall Broschtkriibs ?

Dr Ries:Et sinn vill Studien gemaacht ginn  fir ze kucken ob de Sport respektiv physesch Aktivitéit de Risiko fir verschidden Krankheeten reduzéieren.Et ginn Donnéeën esou wuel bei der Broscht wéi beim Daarm, an et kann een soen dass bei Leit déi reegelméisseg Sport dreiwen / physesch aktiv sinn , den Risiko em 20-30% méi kleng as fir e Broschttumeur oder Darmtumeur   ze entwéckelen.Mir kennen awer och déi Recommandatiounen maachen wat d'Prophylaxie secondaire ubelaangt fir déi Fraen déi schon fir en Broschtkriibs behandelt ginn as.

weiderliesen

Lire la suite